CSN Clervaux
Den CSN Clervaux ass den 18. Abrëll 1999 gegrënnt ginn. Mir maachen Liichtathletik, Triathlon a méi
06/10/2026
Den Yves Schaack ass de Semi-Marathon zu Köln matgelaf an huet deen an der staarker Zäit vun 1:20:56 gepackt, déi heen op déi 181. Plaz (32. an senger Altersklass) bruecht huet. 💪🏃 Top
04/10/2026
Hei sinn dann och d`Resultater an déi éischte Impressiounen vun eisem 1. Éislek Duathlon powered by Rinnen Constructions, Bënzelt
Weider Fotoen kommen no.
D`Resultater entsprechen der Plaz am Gesamtklassement
Kids B:
4. Anna Majerus
13. Susanne Dormans
14. Emelie Feller
1. Matt Frères
2. Michel Schmit
6. Dave Daman
12. Martin Konen
Kids A
6. Nelly Bethke
9. Hannah Schanck
16. Giulia Schenk
2. Noah Schmit
10. Pit Knauf
11. Pit Rinnen
12. Luc Klee-Wirtz
13. Mats Habscheid
14. Bob Friedrichs
15. Mil Knauf
Youth C:
3. Julie Kreins
5. Eve Deckenbrunnen
7. Lysiane schanck
10. Zoey Steffen
6. Luca Simon
8. Alaa Belharkat El Mire
9. Tim Kunz
Youth B
3. Nora Simon
1. Joao Keller
2. Jempy Schaus
6. Hugo Collienne
7. Henry de Ryckel
Youth A
2. Arthur Lucas
3. Julien Rucken
6. Khalil Rachid
7. Charel Greisch
8. Gil Schirtz
Relay
3. Team Loulou (Carmen Coljon / Pascal Jodocy)
Elite:
13. Mike Treinen
15. Claude Schanck
Gratulatioun un all eis Athleten an nach eng Kéier ee grousse Merci un eis Benevollen, Police, Gemeng Cliärref an Ponts&Chaussées
04/10/2026
D`Hannah Stoltz, de Julien Rucken an den Charel Greisch hunn sech gudd um Community Run an der Stad amuséiert:🙂🏃♀️🏃
04/10/2026
D`Katrien De Bondt ass säin éischte Semi-Marathon zu Köln gelaf an enger ganz gudder Zäit vun 02:16:51💪💪🏃♀️
Top👍
04/10/2026
Zu Hesper huet d`Kelly Kollmesch den CSN bäim Broschtkriibslaf vetrueden.
Merci 🙂💪🏃♀️
04/10/2026
Den CSN war och bäim Walfer Vollekslaf dobäi:
Bäi den 1 km :
Sarah Schmit
Juniorlaf:
345. Svea Recken
136. Schmit Noah
Jogging:
Sandy Recken
Haaptlaf 12 km:
74. Chiara Kohn
76. Kim Jans
102. Sandy Schmit
132. Claudine Neser
100. Ben Klee
03/10/2026
Haut ass Race Day@CSN bäim ! 🏃♂️🚴♂️🏃♀️
Hei nach e puer wichteg Informatiounen fir den Éislek Duathlon, powered by Constructions Rinnen, Bënzelt:
Wéinst dem Duathlon gëtt et haut verschidde Verkéiersännerungen a Stroossespärungen an der Géigend. D’Gemeng Clierf huet dofir eng temporär Verkéiersreegelung fir den 3. Oktober publizéiert.
Wéinst verschiddene Stroossenaarbechten ass den Zougang zum LESC momentan erschwéiert. Mir bieden Iech dofir, genuch Zäit fir Är Urees anzeplangen an déi recommandéiert Strecken am Dokument am Unhang ze benotzen.
Wichteg: D’N90 kräizt d’Streck vum Duathlon a wäert wärend verschiddenen Zäitraim temporär fir den Trafic gespaart sinn. Déi genee Strecken an Zäite fannt Dir op der Kaart.
Mir recommandéieren Iech, d’Dokument virun Ärer Urees kuerz ze consultéieren.
Passt w.e.g. op d’Beschëlderung an d’Instruktioune vun de Benevollen an den Organisateuren op.
Mir wënschen all eise Sportlerinnen a Sportler vill Erfolleg an eise Visiteuren ee schéinen Dag bäi eis.
Villmools Merci un all eis Benevollen, Sponsoren, Gemeng Cliärref, der Police an Pont & Chaussées vu Cliärref fir hir Ënnerstëtzung.
27/09/2026
Den CSN huet natiirlech net op der Route du vin däerfen feelen an huet ganz gudd Resultater mat heem bruecht:
21 km :
286. Tania Ludwig 1:57:50
602. Ben Klee 1:39:59
780. Ben Schroeder 1:42:39
865. Noël Jans 1:46:28
10 km:
86. Tanja Junker 55:29
284. Kollmesch Kelly 1:04:14
26. Yves Schaack 38:45
60. Claude Schanck 42:32
5 km :
107. Isabelle Schlesser 34:19
108. Florence Schanck 34:18
11. Arthur Lucas 18:12
15. Khalil Rachid 18:39
35. Charel Greisch 20:59
Doniewt sinn och nach den Tom Engel, Marc Claes an Andy Kunz als Juge matgefuer.
Gratulatioun un eis Athleten an eis Jugen👍😀
21/09/2026
De Pierre Feller huet dëse Weekend beim Backyardman Ultra Triathlon eng impressionant Leestung ofgeluecht an sech déi 6. Plaz geséchert.
Hien huet 20 Ronnen gepackt, dat sinn insgesamt:
🏊♂️ 10 km Schwammen
🚴♂️ 400 km Vëlo
🏃♂️ 100 km Lafen
Dat sinn am ganzen 510 km Gesamtleestung, méi wéi zwee Mol een Ironman.
Gratulatioun fir dës aussergewéinlech Ausdauerleestung a grousse Respekt! 👏👏👏
Cliquez ici pour obtenir votre annonce sponsorisée.
Catégorie
Contacter l'entreprise
Site Web
Adresse
Notifications
Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque CSN Clervaux publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.