UFP
UFP, the luxembourgish trade union for academics of the public sector.
03/09/2026
Informatiounen vun der CGFP zum „Abattement de maintien dans la vie professionnelle“.
👀Weider schaffen amplaz direkt an d’Pensioun ze goen?
E konkret Resultat vun der leschter Sozialronn mat CGFP-Bedeelegung ass den „Abattement de maintien dans la vie professionnelle“.
👉Persounen, déi pensiounsberechtegt sinn, awer viru schaffen, kënnen zënter dem 1. Januar 2026 vun engem Fräibetrag vu bis zu 750 € de Mount respektiv 9.000 € d’Joer profitéieren.
📄Déi betraffen Agente mussen dofir de „certificat de droit à pension“ beim CGPO ufroen. Donieft mussen si de Formulaire 164 R vun der Fiche de retenu d’impôt (RTS ënnen op der Säit 3) ënnert follgendem Link ausfëllen:
https://impotsdirects.public.lu/dam-assets/fr/formulaires/fiches_d_impot/2026/164rf-2026.pdf
Béid Dokumenter gi mat der Demande un d’Steierverwaltung (Bureau RTS compétent) geschéckt.
❗D’CGFP fuerdert, datt dëse steierlechen Abattement an Zukunft automatesch accordéiert gëtt, wann d’Konditiounen erfëllt sinn. Eng sënnvoll Moossnam soll net mat onnéidegem administrativem Opwand verbonne sinn.
10/07/2026
12/06/2026
D'UFP invitéiert hier Memberen op eisen Networking Apéro "sip & connect" nächsten Freideg 19. Juni um 16h30 am Domaine Goldbierg.
D'Platzen sinn limitéiert, Ummeldungen bis spéidstens den 12. Juni op https://ufp.lu/event/sip-and-connect/
13/05/2026
Zesumme staark fir d’A1-Karriär 💪
Beim Workshop vum 6. Mee 2026 hunn sech Vertrieder aus verschiddene Beräicher vum ëffentlechen Déngscht zesummefonnt, fir gemeinsam iwwer d’Erausfuerderungen an d’Revendicatioune vun der A1-Karriär ze diskutéieren. Eng kloer Konklusioun: Nëmmen zesumme kënne mir eis Karriär stäerken an en attraktiven, héichqualifizéierten ëffentlechen Déngscht sécheren.
➡️ Liest hei den kompletten Artikel:
https://ufp.lu/workshop-a1-revendicatiounen/
06/05/2026
De Sall ass prett fir eisen Workshop zesummen mat den A1 Vertrieder aus dem ëffentlechen Déngscht.
18/03/2026
Haut (18/03) den Owend um 18h fënnt eis Generalversammlung um Siège vun der CGFP statt. All UFP Member ass häerzlech wëllkomm.
https://ufp.lu/assemblee-generale-ordinaire-ago/
18/03/2026
Och dëst Joer waren är Vertrieder vun der UFP erëm bei der CGFP Formatioun zu Köln Enn Februar derbäi.
20/02/2026
Um internationalen Dag vun der sozialer Gerechtegkeet ⚖️ ënnersträicht d’CGFP hiren Engagement fir fair Léin, dezent Aarbechtskonditiounen a gläichberechtegt Chancë fir jiddereen 👩💼👨💼 .
Trotz dem héije Liewensstandard ass hei am Land ronn eng vu fënnef Persoune vun Aarmut bedreet 🌍. Bei de Mannerjärege läit den Aarmutsrisiko souguer bei 24 %. 📊 Dës Zuele weisen, dass d’Lutte fir sozial Gerechtegkeet muss viru goen.
D’CGFP engagéiert sech ë.a. fir eng sozial ausgeglache Steierreform 💶 an erënnert de Finanzminister un seng Aussoe: „Kee wäert dobäi verléieren.“ Den entspriechenden Gesetzprojet gëtt den Ament am Detail analyséiert. An der Diskussioun ass och eng Hausse vum Mindestloun. Mir begréissen et, datt den Aarbechtsminister Marc Spautz viru kuerzem wësse gedoen huet, dass d’Gehälter beim Staat sollen an d‘Berechnung vum Mindestloun afléissen.
15/12/2025
59. Conférence des Comités vun der CGFP - Confédération Générale de la Fonction Publique
Cliquez ici pour obtenir votre annonce sponsorisée.
Catégorie
Site Web
Adresse
Notifications
Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque UFP publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.