1000deeg

1000deeg

Partager

Ganzheetlech Beikost-Berodung fir Familljen zu Lëtzebuerg.
4 Wochen 1:1 Begleedung | 1:1 Beikost-Analyse
Evidenzbaséiert. Ouni Drock.

Mat Häerz.
🏅 Label Impact Luxembourg | SIS
📩 Schreif mir op WhatsApp
Https://1000deeg.com

24/02/2026

🥣 Baby knows best.

Bebeën kommen mat enger natierlecher Fäegkeet op d’Welt:
Si spieren, wéini si Honger hunn.
Si spieren, wéini si genuch hunn.

Mee dës Selbstregulatioun kann ganz fréi gestéiert ginn.

„Du muss nach e Bëss huelen.“
„Maach d’Glas eidel.“
„Nach e Läffel.“

Esou fänkt dacks eng Ofkopplung vum eegene Kierper un.

Am éischte Liewensjoer geet et net nëmmen ëm „fest Iessen aféieren“.
Et geet ëm:

• Selbstregulatioun
• Darm-Entwécklung
• Eisen- a Nährstoffopbau
• Vertrauen an den eegene Kierper

An dofir ass net nëmmen d’WAT wichteg.
Mee och d’WÉI.

Nährstoffräich Beikost heescht:
kleng Moen – héich Nährstoffbedierfnesser – keen Drock.

Déi éischt Joer leeën d’Fundament.

An genau do setzt meng Aarbecht un.

Ech begleeden Elteren tëschent 4–12 Méint,
fir d’Beikost net nëmmen „richteg“,
mee nährstoffdicht an physiologesch sënnvoll opzebauen.

Wann s du dengem Bebe e staarkt Fundament wëlls ginn,
schreif mir 🤍

—
1000Deeg Nurture
Nährstoffräich Ernärung am éischte Liewensjoer

22/02/2026

Eist Frühstück mat 10 Méint.

Einfach.
Nährstoffräich.
Opbauend.

🥚 Ee – fir Cholin, Protein a wichteg Fetter
🐟 Sardin – Omega-3, Jod an Eisen
🥬 Réi Sauerkraut – kleng Quantitéit, fein gehackt, fir natierlech Fermenter
🌰 Maronen-Noss-Bällchen (.de inspiréiert) – Energie a Mineralstoffer
🫒 E bëssen Ueleg – fir d’Opnahm vu fettlésleche Vitaminnen

Beikost ass net do, fir just ze saturéieren.
Si baut op.

Darmflora.
Immunsystem.
Gehirentwécklung.

Beikost als Fundament.

Perséinlech Beikost-Begleedung fir Bebeën tëschent 4 an 12 Méint.
Interesse? Schreiw mir.

21/02/2026

Ech weess, wéi sech dat ufillt.
De Beikoststart ass spannend.
Mee kann och iwwerwältegend sinn.

Vill Rotschléi.
Vill Meenungen.
Vill „Du muss…“.

An iergendwann stees de do a frees dech:
Maachen ech dat richteg?
Kritt mäi Bebe wierklech dat, wat en elo brauch?

Beikost ass net just Iessen.
Si leet e Fundament fir d’Liewen.
Ab Mäerz starten ech mat Beikost-Consultatioune fir Bebeën tëschent 4 an 12 Méint.

D’Begleedung leeft per Sproochnooriicht, mat Äntwerte bannent 48 Stonnen (Wochendeeg).

Strukturéiert. Duerchduecht. Well Beikost net an engem Rendez-Vous geschitt, mee am Alldag.

Basis-Begleedung (4 Wochen) – verlängerbar.

Meng Approche baséiert op menger holistescher Ausbildung bei OhBaby Holistic Nutrition

Ech schaffen mat engem ganzheetleche Bléck op:
• Nährstoffräich éischt Liewensmëttel
• Opbau vun enger gesonder Darmflora
• Eisen-Optimiséierung
• Aféierung vun Allergenen
• Ënnerstëtzung bei Verdauungsproblemer & Ekzema

Wat s du konkret kriss:
✔️ En op däi Bebe ugepassten, evolutiven Iessplang
✔️ E klore Fuerplang fir d’Allergen-Aféierung
✔️ Kontinuéierlech Begleedung per Sproochnooriicht
✔️ Strukturéiert Ofschloss-Zesummefaassung

Net just Tipps.
Mee Kloerheet.

D’Plaze si limitéiert.
Mell dech elo 🤍

1000Deeg
Ganzheetlech Beikost, déi opbaut.

Tel: 621 555 416

Vous voulez que votre personnalité publique soit en tête de la catégorie Personnalité Publique à Luxembourg ?
Cliquez ici pour obtenir votre annonce sponsorisée.

Catégorie

Téléphone

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque 1000deeg publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

S’abonner

Nous vous informerons de toute nouveauté à Luxembourg.