VC-Filano
Den VC-Filano ass den Velosverain vun den Gemengen Feschbëch, Noumer a Fiels. Hei ass d' Sait vum Vc-Filano.
Ob desser Sait fannt der Informationen wou a wini mer fuere ginn an och Photo'en vun denen Keieren wou mer gefuer sinn.
08/08/2026
Save the date 13.09.2026
Save the Date!! Och den Gravel kënt net ze kuerz! 🙂
26/07/2026
24h Velo Wentger✅ Während 24 Stonnen gouf d’ Pedall gedréckt. Mir sinn op eng gutt 30. Platz am General komm.💪
Mir fréen eis schon op eng nächst Éditioun.
15/07/2026
Save the Date!! Och den Gravel kënt net ze kuerz! 🙂
16/06/2026
D'lëscht Woch hu mir zu puer um Galibier Challenge deelgeholl, wou mir iwwert den Col du Télégraphe bis op den Galibier ropgefuer sinn. Wëll mir du schon am Eck waren, hu mir nach e puer Dëeg drugehaangen, a sinn nach ënnert aanerem den Izoard an d Alpe du Huez ropgefuer, da ganzt bei wonnerschéinem Wieder
24/05/2026
Graoully moselle Tour🚴🏻🚴🏻. Den an den sinn gestart an sinn déi 300 km mat 3360hm gefuer. Super Leeschtung vun hinnen zwee👏💪
23/05/2026
Pompjees Randonée🚒☀️. Vc Filano on the line up. Unterwegs wie die Feuerwehr🚴🏼🚴🏼♀️💨💨
03/05/2026
VcFilano op der Post Fréijoersrandonée 🚴🏼♀️🚴🏼.
Team Speed💨 an Team Fun on the road.
26/04/2026
Haut d’ Fotoe vum Grupp speedy🚴🏻♂️🚴🏻♀️💨💨. Vill Zäit, vir vill Fotoen war keng do. +-872 km hunn sie an 6 Deeg gesammelt. 🙌. Außerdem hunn den Piotr Juchno (11h55min) an den Romain Possing (12h20min) um Mallorca 312 deel geholl, een Grand Fondo mat 312km an 5050hm. Wat eng Leeschtung! Bravo un déi ganz Equip💪
26/04/2026
Team VCFilano zu Mallorca.☀️🚴♀️🚴♂️ Haut Fotoe vum Grupp Fun.
Top Ambiance, super Léit, top Team. Perfekt Vakanz mat sonnegem Wierder a vill Kilometer an de Been. To repeat.
Hues du elo Loscht krit? Ma dann schreif eis iwwer DM an geff du och Member vum VC Filano. Mir sinn een Hobby Veräin a bidden vir all Tempo eppes un.
roadbike
23/03/2026
🚵 Generalversammlung vum V.C. Filano🚵♂️
Den Freideg, den 20. Mäerz, huet de V.C. Filano seng järlech Generalversammlung ofgehalen. An der Kleederfabrik zu Larochette huet de Comité zesumme mat ronn 20 Memberen d’Joer 2025 R***e passéiere gelooss.
Zum Schluss gouf et nach en interessanten a konstruktiven Austausch iwwert d’Zukunft an d’Projeten, déi eis am Joer 2026 erwaarden.
Nom offiziellen Deel ass de Owend an enger gemittlecher Atmosphär weidergaangen – mat Gedrénks a guddem Iessen am Restaurant Café Restaurant Op der Gare II zu Medernach.
Merci un all d’Memberen fir hir Präsenz an hiren Engagement!🤝🫶
Cliquez ici pour obtenir votre annonce sponsorisée.
Catégorie
Contacter l’organisation
Site Web
Adresse
Luxembourg
L-7633
Notifications
Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque VC-Filano publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.