Gilles Roth
Finanzminister Lëtzebuerg | Minister of Finance of Luxembourg
25/07/2026
🔸RTL: Am RTL Journal ënnert anerem iwwert de “Booster fir de Wunnengsbau” an d'Israel-Bonds.
🔸HITEC: Op Besuch bei HITEC Luxembourg zu Mamer. E beandrockende Lëtzebuerger Betrib, deen aktiv ass an de Satellittesystemer, der Kommunikatioun an dem intelligenten Transport.
23/07/2026
🎤 Um Radio 100,7 iwwer d’Israel-Bonds.
https://gd.lu/bqBxPW
Ministry of Finance, Luxembourg | Gouvernement luxembourgeois
Gilles Roth zu Israel Bonds: "Eng vun honnerten Decisiounen" De Finanzminister erkläert, wat senger Analys no nom 31. August mat den israeelesche Staatsobligatioune geschitt a firwat d'Decisioun vun der CSSF net éischter bekannt gemaach gouf.
Am RTL Journal iwwer d'Israel-Bonds.
Ministry of Finance, Luxembourg | Gouvernement luxembourgeois
Am RTL Journal iwwer de „Booster fir de Wunnengsbau - Méi bauen. Méi erschwénglech. Méi Wunnengen.“
Ministry of Finance, Luxembourg | Gouvernement luxembourgeois
18/07/2026
🔸"Booster fir de Wunnengsbau": Zesumme mam Claude Meisch hu mir e neie Moossname-Pak fir de Wunnengsbau virgestallt. Fir méi Ënnerstëtzung fir d’Keefer. Fir méi Schwong fir den Neibau. Fir méi erschwéngleche Wunnraum.
🔸Sozialdialog: Zesumme mam Lex Delles hunn ech d'Sozialpartner fir e Sozialdialog am Kader vum Europäesche Semester 2026 gesinn. Eise Lëtzebuerger Sozialmodell ass d‘Fundament vun eisem soziale Fridden, eiser Stabilitéit, eisem Wuelstand, eiser Zukunft.
🔸Finanzkommissioun an der Chamber: Ech hunn d’Situatioun vun de Staatsfinanzen op den 30. Juni virgestallt. Trotz onsécheren Zäite bleiwen eis Staatsfinanzen zolidd a robust. Lëtzebuerg ass gutt opgestallt fir d’Zukunft.
🔸Franséische Nationalfeierdag: De 14 Juli 2026 am Lycée Vauban. Frankräich a Lëtzebuerg verbënnt eng staark a laangjäreg Frëndschaft matzen an Europa.
🔸Asiatesch Entwécklungsbank: E gudden Austausch mam zukünftegen Executive Director bei der Asiatescher Entwécklungsbank, Shantanu Mitra. Mir hunn iwwert déi laangjäreg Partnerschaft tëscht Lëtzebuerg an der Bank diskutéiert.
🔸BNY: Et huet mech gefreet d’Jayee Koffey, Chief Global Affairs Officer bei BNY, erëm ze gesinn.
BNY ass zënter méi wéi 25 Joer e vertrauenswürdege Partner zu Lëtzebuerg an haut ee vun deene gréisste Fonge-Gerante op eiser Finanzplaz.
17/07/2026
16/07/2026
🏠„Booster fir de Wunnengsbau. Méi bauen. Méi erschwénglech. Méi Wunnengen.“
Ënnert dëser Devise hu mir zesumme mam Claude Meisch, e neie Moossname-Pak fir de Wunnengsbau virgestallt.
Fir méi Ënnerstëtzung fir d’Keefer. Fir méi Schwong fir den Neibau. Fir méi erschwéngleche Wunnraum.
De Wunnengsbau ass déi éischt Suerg vun de Leit. An och eng absolut Prioritéit fir dës Regierung a fir mech perséinlech.
👉Weider Infoen: https://gd.lu/7f9l76
©️Ministère des Finances, Luxembourg
Ministry of Finance, Luxembourg | Ministère du Logement et de l'Aménagement du territoire | Gouvernement luxembourgeois
🏠Booster fir de Wunnengsbau
15/07/2026
🇫🇷 🇱🇺 De 14 Juillet 2026 am Lycée Vauban.
D'Fräiheet ass keng onverreckbar Ierfschaft : si ass eng Fackel vun de Lumièren, déi weidergereecht muss ginn.
Déi laang Frëndschaft tëscht Frankräich a Lëtzebuerg ass eng vun deene stäerkste Relatiounen an Europa.
Mat 49.000 franséische Residentë, 130.000 Frontalieren, 901 Milliarden Euro u Fongen, souwéi Partnerschaften an der Kënschtlecher Intelligenz, der Raumfaart, der Energie ...
Méi wéi eng Grenzgemeinschaft si mir eng Famill matzen an engem Europa als Schicksalsgemeinschaft.
©️Ministère des Finances, Luxembourg
Gouvernement luxembourgeois | Région Hauts-de-France | Ministry of Finance, Luxembourg
Click here to claim your Sponsored Listing.
Category
Website
Address
Surakarta