Bio-Haff Witry
Mir sinn e Biomëllech-Betrib a Ferme pédagogique zu Dippech. Dir kënnt bei eis frësch Biomëllech un eiser Mëllechtankstell MilKuhMat kafen. Pierre a Caroline
Mir garantéieren ganz frësch Bio-Mëllech direkt aus dem Tank, ouni dass de Killprozess ënnerbrach gëtt.
100% frësch, vun der Kou op den Dësch
Frësch Bio-Mëllech aus der Saueraarbecht,
do wou Mëllech nach no Mëllch schmaacht! Duurch bioLabel-Normen sti mir mat eisem Betrieb fir:
100% natiirleche Geschmaach, ideal fir sou ze genéissen oder weiderzeverschaffen (Joghurt, Kéis,..) An eisem Self-Service fannt dir weider Bio-Produiten (Eeër, Champignone, Gromperen, Nuddelen, Müsli a Co, Gebeess,...)
100% GMO-fräit Fudder fir eis Kéi aus 100% eegenem Ubau
100% Verzicht op chemisch a synthetisch Planzeschutz- a Düngemëttel op eise Felder. Zanter Februar 2015 ass eisen Haff och als Ferme pédagogique ausgeriicht. De MUHlti-KUHlti bidd Aktivitéiten fir Kannergruppen vun 3-12 Joer. Mir géifen eis freeën, fir Iech op eisem Haff begréissen ze kënnen!
19/09/2026
Am Kader vun der Bio-Woch (23.9.-27.9.) hate mir e ganz flotten a sympateschen Interview mam Lëtzebuerger Wort bei eis um Haff.
Hei kënnt dir d‘Resultat liesen a kucken🥰😍🐮
Ein Bio-Bauernhof als Klassenzimmer: „Ist die frisch gemolkene Milch warm oder kalt?“ Auf dem „Biohaff Witry“ treffen Landwirtschaft und Bildungsarbeit aufeinander. Eine erfüllende Arbeit in herausfordernden Zeiten.
17/09/2026
Bio-Woch vum 23.9.-27.9.26
Hei ass e klengen Abléck an de Programm.
Fir de Yoga bei eis um Haff mat eise Kéi sinn nach puer Plaze fräi. Maacht iech bäi🧘🏼🧘🏼♀️🧘🏼♂️🧘🏻♂️🥰
🌱 Eist BIO-Woch Programm 2026 ass do!
Vum 23. bis 27. September gëtt et erëm Workshops, Verkostungen a Portes Ouvertes iwwer d'ganzt Land verdeelt. 📅
E puer Highlighte fir Iech:
👶 23.09., 9:00 – 11:00 Workshop mam Maxi Pesch iwwer nährstoffräich Rezepter fir Kanner, um Kass Haff zu Rollengen
🌍 25.09., 18:00 BIO-Kolloquium iwwer Biodiversitéit duerch Biolandwirtschaft, am Lycée Technique Agricole
🍇 bis 26.09. *14:00-18:00 Porte Ouverte bei der Maison Viticole Schmit-Fohl
🧘 27.09., 10:30 Yoga-Moie um Bio-Haff Witry
Dat komplett Programm fannt Dir op www.biowoch.lu
10/09/2026
09/09/2026
Déi lescht Deeg war jo eng méi lass um Haff, an hei gesidd dir lo firwat 😍
Pressekonferenz fir déi 4. Bio-Woch an d‘Sensibiliséierungskampagne „Dem Bio-Bauer säi ganze Stolz“ virzestellen.
Dann hu mir awer och mat Stolz ob 20 Joer Biohaff Witry ugestouss😍🐮Selbstverständlech mat engem Glas Mëllech aus dem MilKUHmat an engem gudde Stéck Gebuertsdagkuch🥛🎂
08/09/2026
Eist Lotti huet sech och schons chic gemaach fir muer☺️🐮
Hatt huet sech och mat „Kuh-R“ Coden dekoréiert fir Infoen iwwert eisen Haff ze ginn, an et huet och nach weider „Kuh-R“ Coden um Haff verdeelt.
All Code erklärt iech eisen Haff🐮🐮🌱☺️🔎🤗
07/09/2026
Haut kruete mir Besuch vun zwou ganz sympateschen Dammen. Si hunn héieren, dass e Mëttwoch eng méi lass hei um Haff ass a wëllen dat mat erliewen☺️🐮🥰
19/08/2026
💚 *20 Joer Biohaff Witry – Mir brauchen Är Hëllef!* 💚
Zënter **20 Joer** schaffe mir mat vill Häerzblutt fir Bio, Regionalitéit an d'Wuel vun eise Kéi. Haut wëlle mir net nëmme mat Iech feieren, mee Iech och ëm Ënnerstëtzung bieden.
Mat eiser **Jubiläumsfläsch** an eiser **Jubiläumstasch** kënnt Dir eis op eng ganz konkret Aart a Weis hëllefen.
🌾 Wéinst der extremer Dréchent ass et dëst Joer zu enger grousser **Fudderknappheet** komm. Eis eege Reserven ginn net duer, an dofir musse mir vill Fudder dobäikafen, fir datt eis Kéi och weiderhin dat kréien, wat si brauchen.
🐄 **Mat all Fläsch an all Täsch, déi Dir kaaft, ënnerstëtzt Dir direkt d'Fudderversuergung vun eise Kéi.**
❤️ Gläichzäiteg wëlle mir och e gudde Wierk ënnerstëtzen. **Een Deel vum Erléis geet un d'Sauvons Bambi**, eng Associatioun, déi mat Hëllef vun Drone virun de Méiaarbechten d'Wisen an d'Felder iwwerflitt, fir Bambien opzespieren an ze retten, ier geméit gëtt.
All Kaf hëlleft – fir eis Kéi an och fir vill kleng wëll Déieren.
🙏 **Merci, datt Dir eis zënter 20 Joer begleed an eis och elo an dëser usprochsvoller Zäit ënnerstëtzt. Zesumme kënne mir vill beweegen!**
📍 **D'Jubiläumsfläschen an d'Jubiläumstäsche si limitéiert a bei eis um Biohaff erhältlich.**
💚 **Merci fir Är Ënnerstëtzung!**
Merci SauvonsBambi BambiRettung LokalKafen Kéi
18/07/2026
🌱 Yoga um Biohaff Witry mam Jil Wengler! 🌱
Kommt de 27.9.2026 um 10.30 Auer bei eis op den Haff an erliewt Yoga tëscht a mat eise Kéi.
Wéi der gesidd, üben eis Kéi scho fläisseg🐮
Umeldung op [email protected]
👉 Méi Infoen zum Programm op biowoch.lu
https://biowoch.lu/agenda/yoga-auf-dem-bio-haff-witry/
Vereenegung fir Biolandwirtschaft Lëtzebuerg asbl.
Reservatiouen Ferme pédagogique MUHlti-KUHlti😍 fir d'Schouljoer 26/27 sinn op
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.
Type
Contacter l'entreprise
Téléphone
Site Web
Adresse
An Der Saueraarbecht 1
Dippach
4974
Notifications
Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Bio-Haff Witry publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.