Pattenheld

Pattenheld

Partager

Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Pattenheld, Promeneur de chiens, Echternach.

Pattenheld 🐾
Dogwalking & Dogsitting zu Lëtzebuerg 🇱🇺
Strukturéiert • Zouverlässeg • Mat ❤️

🐶 Kleng Gruppen oder individuell Walks
🚗 Transport inkl.
📍 Regioun: Osten
⬇️ Plazen limitéiert

Photos from Pattenheld's post 20/09/2026

Den Tabak, d’Luna & d’Kira. 🐾
Wat eng léif Trupp. 🥰

Photos from Pattenheld's post 16/09/2026

Nei dobäi am Team Pattenheld. 🐾
Paghera & Sparky. 🐶
Zwee mega léif Fellnuesen, déi mech ab elo all Dag am Dogwalking begleede wäerten.
Mat hirer léiwer Aart hunn déi zwee mech direkt fir sech gewonnen & ech freeë mech op eis gemeinsam Zäit. 🤎

Photos from Pattenheld's post 01/09/2026

☀️ Et geet an de Congé

Vum 02.09. bis den 14.09. inklusiv sinn ech am Congé. 🐾

All Ufroen & Noriichte ginn eréischt no mengem Congé beäntwert. Bei Noutfäll sinn ech natierlech weiderhin erreechbar.

Dir kënnt awer scho gespaant sinn, well wann ech zeréck sinn, dierf ech eng ganz Rei nei Fellnuesen begréissen. 🐶🤎 Ech freeë mech rieseg drop, Iech se all virzestellen!

Bis dohinner, bleift alleguer gesond & monter a bis geschwënn. 💪🏽

Äre Pattenheld mam Kira 🐶🐾

Photos from Pattenheld's post 25/08/2026

De Ghandi & de Skylar. 🐾 Zwee Fellnuesen, déi een einfach gär ëm sech huet. 🤎

Photos from Pattenheld's post 19/08/2026

Frësch Loft, gutt Gesellschaft & vill flott Momenter ënnerwee. 🐶🧡

15/08/2026

Bei dësen Temperaturen däerf et och mol e bëssen méi gemittlech sinn. ☀️

Op der Wiss kann jidderee säin Tempo selwer bestëmmen, zesumme spillen an e bëssen duerch d’Gras trëppelen. 🐕

Genuch Waasser ass natierlech ëmmer dobäi an och fir déi eng oder aner Leckerli-Paus ass bestens gesuergt. 😋

Esou kann een den Dag ganz entspaant zesumme genéissen. 🐾

09/08/2026

Déi richteg Zesummestellung mécht vill aus. 🐕
Ëmmer nees schéin ze gesinn, wéi flott déi verschidde Muppen zesummen als Grupp funktionéieren. 🐾🧡

Photos from Pattenheld's post 05/08/2026

Wëllkomm am Pattenheld-Team, Yuma! 🐾

Mat bal 9 Méint weist d’Yuma schonn eng immens flott Entwécklung. Hat léiert séier & ass bei all Walk mat vill Begeeschterung dobäi. 🐶

Dank dem flotte Coaching am Patteclub - Hondstrainer kritt hat déi bescht Méiglechkeet, sech weider z’entwéckelen & dobäi kënnt de Spaass natierlech och ni ze kuerz. 🐾

Mat senger oppener a sozialer Aart huet hat sech séier an der Grupp wuelgefillt & bréngt all Kéier nees gutt Laun mat. Mir freeën eis op nach vill schéin Aventure mat him.🧡

Photos from Pattenheld's post 03/08/2026

De Miro ass schonn eng gutt Zäit mat dobäi an ass ëmmer mat voller Motivatioun op eise Spadséiergäng ënnerwee. 🐾

Fir all déi aktiv Hënn, déi och gär spillen a rennen, ass hien de perfekte Buddy. 🐕

29/07/2026

Bei deene waarmen Temperaturen däerf eng Ofkillung natierlech net feelen. 🐾
Fir d’Kira an d’Elli war eng kleng Erfrëschung genee dat Richtegt. 🧡

Vous voulez que votre entreprise soit Animalerie la plus cotée à Echternach ?
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Site Web

Adresse


Echternach