Mamer Wiselen

Mamer Wiselen

Partager

Scouten a Guiden vu Mamer

Photos from Mamer Wiselen's post 29/09/2026

De Sonnden waren d’Wiselen op der traditioneller Marche Gourmande zu Mamer vertrueden🥂🍰

Dëst Joer hu mir eis ëm d’Gedrénks an den Dessert gekëmmert – a fir eng gutt Stëmmung war natierlech och gesuergt! 😋

Merci un all déi, déi laanscht komm sinn☺️

Photos from Mamer Wiselen's post 27/09/2026

Eis Scoutsbranche huet d'Joer mat enger vun de wichtegste Scoutstechniken ugefaangen, der Orientatioun 🧭🗺️
D'Scouten hu geléiert wéi ee sech op enger topographescher Kart erëmfënnt, wéi een dës mam Kompass richteg an-nord an unhand vu Koordinaten a Peilungen dee richtege Wee fënnt🌲🥾
Zum Schluss hunn si hiert Wëssen op engem Parcours ënner Beweis gestallt!

Photos from Mamer Wiselen's post 20/09/2026

De Samschde war bei de Mamer Wiselen grouss Rentrée⚜️
Voller Freed sinn eis nei an al Memberen, op Beaver oder schonn Tembo, zesummen an dat neit Scoutsjoer gestart!😊✨

Photos from Mamer Wiselen's post 14/09/2026

Léif Wiselen an nei Memberen,
Endlech ass et erëm esou wäit an een neit Scoutsjoer steet virun der Dier!
Wanns du Loscht hues mat denge Scoutskollegen an dat neit Joer ze starten, oder Deel vun de Wisele wëlls ginn, da komm op eis éischt Versammlung!! ⚜️

🏡 beim Mamer Scoutshome
📅 19. September 2025
⏰ 13h45 - 16h00

ℹ️ 14h15 - 14:30 Eltereversammlung fir nei Memberen

➡️ Weider Infos op www.mamerwiselen.lu

07/05/2026

Léif Memberen a Frënn vun de Mamer Wiselen,
Nächsten Donneschden den 14.05. feiere mir wéi all Joers eist traditionellt Wisefest.

Ab 11h30 hunn mir Iessen, Gedrénks, Spiller fir Grouss a Kleng an ee flott Fest fir iech prett 🌭🥂⛳️
Gutt Wieder hu mir och bestallt ! ☀️

Mir freeën eis op iech 😃

Bis en Donneschden !

Är Wiselen

Vous voulez que votre organisation soit Organisation à But Non Lucratif la plus cotée à Mamer ?
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Adresse


109, Route D'Arlon
Mamer
8211

Heures d'ouverture

14:00 - 16:00