FC Marisca Miersch
Den F.C. Marisca Miersch ass ee vun deenen eelste Fussballveräiner zu Lëtzebuerg. Haut spille mir eis Heemmätcher ëmmer am Schlasspesch.
Mir sinn 1908 gegrënnt ginn, 1940 war eng Embenennung a FK Mersch déi 1944 rëm réckgängeg gemaach ginn ass.
28/09/2026
De Marisca an de Mika Zaritski ginn getrennte Weeër.
No der Néierlag vu gëschter géint d’Union Remich-Bous huet de Mika d’Decisioun getraff, säin Amt als Trainer néierzeleeën. Zesumme mam Taras huet hien dem Veräin seng Démissioun matgedeelt.
Mir soen deenen zwee villmools Merci fir hirt Engagement an déi geleeschten Aarbecht a wënschen hinnen alles Guddes fir d’Zukunft.
Bis op Weideres iwwerhuelen den Tim Wiltgen an de Philippe Chrismousse d’Leedung vun der Ekipp.
27/09/2026
Schluss. Eis Gäscht huelen Punkten mat op d'Musel.
27/09/2026
Halbzeit. Déi Réimecher erwëschen eis fréi um falsche Fouss. Mir kommen dono ëmmer besser an de Match an hunn duerchaus d'Chancen op den 1:1. Hei ass nach alles dran. Dru gleewen Männer !
27/09/2026
Matchday! An eisem éischten Match géint d'Miseler sollen et haut déi éischt 3 Punkten vun der Saison ginn. Eis Jungs freeën sech op Äre Support! 🟡🔵
26/09/2026
Mierscher Kirmes ass säit dem Donneschden voll amgang. Muer um Kiermessonnden empfänke mir den Opsteiger vun der Musel géint dee mir eisen éischten Dräier fir dës Saison wellen afueren. Eis Jungs freeën sech op Är Ënnerstëtzung!🟡🔵
23/09/2026
De Freiden gett gekickt am Schlasspesch! Kommt bis laanscht kucken! 😇
🇱🇺 KENG KIERMES OUNI KIERMESMATCH! ⚽️🥅
D’Léierpersonal aus der Mierscher Grondschoul spillt géint d’Amicale 5x Biereng an d’Jugend vu Biereng.
📍Terrain Schlasspesch
📅Freideg, 25.09.
⌚17:45 – 18:45 (2 x 20 Min.)
🇫🇷 MATCH AMICAL OBLIGE ⚽️🥅
Les enseignants de l’Ecole fondamentale de Mersch jouent contre l’Amicale 5x Biereng et Jugend vu Biereng.
📍Terrain Schlasspesch
📅Vendredi 25.09.
⌚17:45 – 18:45 (2 x 20 min.)
Mierscher Grondschoul
5x Biereng Lëtzebuerg
Jugend vu Biereng
22/09/2026
20/09/2026
Schluss. Eis Rees an der Coupe geet domat relativ fréi zu Bartreng op en Enn.
20/09/2026
Matchday. Am zweeten Tour vun der Coupe de Luxembourg sinn mer beim FC Sporting Bertrange gefuerdert.
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.
Site Web
Adresse
Mersch