FLSE
Fédération Luxembourgeoise des Sports Equestres Fédération Luxembourgeoise des Sports Equestres
3, rte d'Arlon
L-8009 Strassen
21/09/2026
💪Gutt Resultater fir Bridder Bettendorf👌
🇩🇪 Zu Ising um Chiemse koum de Basile an engem CSI 2*-Turnéier Ugangs September dräimol an d‘Top 10 an zweemol op de Podium. 💪🌟 An enger Zwou-Phase-Prüfung fir jonk Päerd iwwer 1,30 Meter gouf hie mam Linus Zweeten a 25,55 Sekonne.🥈An enger 1,45 m-Prüfung ass den 33-Järege mam Chakpori du Gibet Zéngte ginn an um leschten Dag vum Concours krut hien um Veyron d’3. Plaz (55,17 s) iwwer 1,40 Meter.
Beim Longines League of Nation zu St. Tropez Gassin 🇫🇷 konnt de Victor mam Encore Toi du Linon beim CSIO5* 1.45m op der drëtter Plaz landen.🥉 Samsdes konnt hien da beim CSIO5* (with jump-off) 1.50m op der éischter Plaz landen mam Encore Toi du Linon. 🏅Sonndes konnt hien da mam Tajmahal du Houlbec Z beim CSI3* (with jump-off) 1.50m op der véierter Plaz landen.
Felicitatioun un Iech zwee🇱🇺👏👏
20/09/2026
👏Gratulatioun u Schneider-Tönniges Pia fir seng 🥇 éischt Plaz mam Lord Himmerich bei der Landesmeeschterschaft vun de 6. jährege Dressurpäerd 2026. 🥈Zweet Plaz geet u Alice Rouyr mam Back in Black R.💪👏🇱🇺
19/09/2026
Dress In Deauville🇫🇷
📍 03 - 06 September 2026
🇱🇺Gutt Resultater fir Fie Christine Skarsoe beim CDI 1* & Lexie Frast beim CDIAm zu Deauville. Mat 71,912 Prozent hunn d‘Skarsoe a säi Päerd Forte Village als éischt de Prix St. Georges gewonnen. Duerno si Sie mat 72,353 Prozent op der éischter Plaz an der Intermédiaire I-Prüfung gelant. Déi drëtt Victoire koum an der Inter I-Kür mat 74,958 Prozent.👏👌
💪Lexi Frast konnt mat sengem Päerd Vilanculo och dee Weekend puer gutt Resultater erzielen. Dräi mol op déi éischt Plaz ass hat komm, déi éischt kéier mat 65.490 Prozent, déi zweet mat 65.147 Prozent an déi drëtt mat 67.208.🇱🇺🐴💪
Resultater vum Fie 👉 https://results.worldsporttiming.com/event/356/rider/10012746
Resultater vum Lexi 👉 https://results.worldsporttiming.com/event/356/rider/10176209
18/09/2026
🇱🇺🐴👏Gratulatioun un Möller-Engel Kristine fir éischt Plaz mat sengem Päerd Dalara 3 bei der Landesmeeschterschaft vun den 5. jährege Dressurpäerd 2026. 💪Déi zweet Plaz geet och u Kristine mam Silvano 120🇱🇺👌. Déi drëtt Plaz geet u Schneiders-Tönniges Pia mam Tea Time Himmerich OLD.👏👏
17/09/2026
👌🎉Gratulatioun un Schneider-Tönniges Pia mat sengem Päerd Sienna’s Secret fir hir éischt Plaz 🥇bei der Landesmeeschterschaft vun den 4. jährege Dressurpäerd 2026. 🥈Zweet Plaz geet u Anastasia Lantsova mam Flanelle 3 . 🥉Drëtt Plaz geet u Natascha Steffen mam Damast 7. 🇱🇺Felicitatioun un Iech dräi.👌👏
16/09/2026
Dësen Weekend ass Dressur- an Sprangturnéier zu Waldbriedemes👌🇱🇺
📍 Waldbriedemes
📆 19-20.09.2026
Dir kennt Iech nach bis den Freiden fir Cup Final am Sprangen an och an der Dressur unmellen
👉https://flsecompet.lu/lu/formulairen/
All Infoen fann dir hei
Dressur 👉 https://flse.lu/lu/event/dressurturneier-waldbredimus-2/
Sprangen👉 https://flse.lu/lu/event/sprangturneier-waldbredimus-2/
15/09/2026
🇱🇺🐴👏Gratulatioun un de Marcel Ewen & säin Päerd Impatient Marblesien fir hir éischt Plaz bei der Landesmeeschterschaft 2026 am Sprangen an der Kategorie Senior. 💪Déi zweet Plaz geet u Diane Kettmann & First Vleu🇱🇺👌. Déi drëtt Plaz geet u de Chistian Weier mam Dante Z.👏👏 Felicitatioun…🎉🇱🇺🇱🇺
14/09/2026
🔥👏 Felicitatioun u Lara Klinkert mat sengem Päerd Curtis J fir hir éischt Plaz bei der Landesmeeschterschaft 2026 am Sprangen an der Kategorie Amateur🏅🇱🇺. Zweet Plaz geet u Stephanie Hein mam Lucky 1856 🇱🇺🐴🥈. Op der drëtter Plaz ass de Paul Hendel mam Quiana HD.💪👌🎉
13/09/2026
👌👏Gratulatioun u Linda Rock a sengem Päerd Casey FM fir hir éischt Plaz bei der Landesmeeschterschaft 2026 am Sprangen an der Kategorie Junioren🏅🇱🇺. Zweet Plaz geet u Thull Julie mam Kansai du Gibet👏🥈. Op der drëtter Plaz ass Grace Baum mam Vol de Nuit du Gibet gelant.🔥🥉👌
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.
Type
Contacter l'entreprise
Adresse
3, Route D' Arlon
Strassen
8009
Heures d'ouverture
| Lundi | 08:00 - 12:00 |
| Mardi | 08:00 - 12:00 |
| Mercredi | 08:00 - 12:00 |
| Jeudi | 08:00 - 12:00 |
| Vendredi | 08:00 - 12:00 |